Aller au contenu

Visite vun der Fondation Henri-Maria Theresa

De 14. Juli hat den De Park d’Éier, de Prënz Louis am Numm vun der Fondation Henri-Maria Theresa begréissen ze dierfen.

Am Kader vu senger Visitt huet hien zwou Strukture vun eisem Jugendprojet kennegeléiert.

Eis Bewunnerinnen a Bewunner ware ganz houfreg, him hiert Doheem ze weisen an Ablécker an hiren Alldag ze ginn.

Am Laf vum Nomëtteg gouf eng Presentatioun mat Fotoen aus dem Alldag an aus verschiddenen Aktivitéite gewisen Ausserdeem hunn eis Bewunnerinnen e flotten Danz virgewisen an eis Jugendlecher hunn de Besuch mat klenge Snacks, déi si selwer virbereet haten, kulinaresch ofgeronnt.

Dës Visitt war eng schéi Geleeënheet fir dem Prënz Louis eis Aarbecht, eis Projeten an virun allem eis Bewunnerinnen a Bewunner méi no ze bréngen.

Mir soen dem Prënz Louis an der Fondation Henri-Maria Theresa villmools Merci fir hire Besuch an den interessanten Austausch. Mir hunn eis iwwer dës Begéinung ganz gefreet.

Partager

Familles & Proches

Associations & Partenaires

Ecouter